Fanfare Feelen

Rezentes

Kiermes zu Welschent​

30. & 31. JULI

Tradtitionnel sinn mir de lescht Weekend am Juli rëm zu Welschent ënnerwee fir d'Kiermes.

Mir sinn Samsdes, den 30. Juli, ab 17h ënnerwee fir den Hämmelsmarsch ze spillen.

An Sonndes, den 31. Juli, spille mir wéi gewinnt um 20h

Kiermes zu Nidderfeelen

Tradtitionnel sinn mir de Weekend nom 15. August rëm zu Nidderefeelen ënnerwee fir d'Kiermes.

Mir sinn Samsdes, den 20. August, ab 9h ënnerwee fir den Hämmelsmarsch ze spillen an Owes spille mir wéi gewinnt um 20h eise Kiermesconcert.

Käerzenowend 2022

17. DEZEMBER

Virun den Feierdeeg hu mer zum Ofschloss vum Joer ob eise Käerzenowend invitéiert.




Fëschfest 2023

06. & 07. Abrëll

Och dëst Joer baken mer Iech rëm e gudde Fësch op Karfreideg.

Halt Iech lo schonn Donneschdes Owes, de 06. Abrëll, oder Freides Mëttes, de 07. Abrëll fräi. Dëst Joer rëm zu Feelen am Hennesbau.

Dofir, SAVE THE DATE!!

Gala Concert 2023

18. Mäerz

Eise Gala Concert 2023 steet virun der Dier, Samsdes, den 18. Mäerz zu Feelen an der Sportshal.
Mir freeën eis drop fir rëm e Concert ze spillen mat fillen Zuschauer. De Programm kënnt Dir Iech och schonn hei ënnendrënner ukucken.

Mir freeën eis op Iech a soen eise Sponsoren lo schonn Merci.

Gala Concert 2022

19. Mäerz

No 2 laange Joren Paus, steet eise Gala Concert 2022 virun der Dier, Samsdes, den 19. Mäerz zu Feelen an der Sportshal.

Mir freeën eis drop fir rëm e Concert ze spillen mat fillen Zuschauer. De Programm kënnt Dir Iech och schonn hei ënnendrënner ukucken.

Mir freeën eis op Iech a soen eise Sponsoren lo schonn Merci.

Fëschfest 2022

14. & 15. Abrëll

No 2 laange Joren Paus, bake mir Iech dëst Joer rëm e gudde Fësch op Karfreideg.

Halt Iech lo schonn Donneschdes Owes, de 14. Abrëll, oder Freides Mëttes, de 15. Abrëll fräi. Dëst Joer rëm zu Feelen am Hennesbau.

Dofir, SAVE THE DATE!!

Fueskichelcher Doheem 2022

26. FEBRUAR

Fuessamsdeg, den 26. Februar 2022 baken d'Musikanten Iech Stoffis-Fueskichelcher.
Mir bréngen Iech déi frësch Fueskichelcher am Laf vum Dag heem (Gemeng Felen).
Eng Tut vun 250 g (+- 10 Stéck) kascht 8€. Bestellen kënn Dir bis Mëttwochs, den 23. Februar 2022 iwwert Telefon um 691 111 095 (vun 18h-20h) oder iwwert E-Mail op den reservation@fanfarefeelen.lu (Dir kritt eng Confirmatioun gemailt).

Fueskichelcher Doheem 2021

13. FEBRUAR

Fuessamsdeg, den 13. Februar 2021 baken d'Musikanten Iech Stoffis-Fueskichelcher.
Mir bréngen Iech déi frësch Fueskichelcher am Laf vum Dag heem (Gemeng Felen).
Eng Tut vun 250 g (+- 10 Stéck) kascht 7,50€. Bestellen kënn Dir bis Mëttwochs, den 10. Februar 2021 iwwert Telefon um 691 111 095 (vun 18h-20h) oder iwwert E-Mail op den reservation@fanfarefeelen.lu (Dir kritt eng Confirmatioun gemailt).

Fëschfest 2020

10. Abrëll

Leider annuléiert wéinst Covid-19.

Gala Concert 2020

14. MÄERZ 2020​

Leider annuléiert wéinst Covid-19.