Fanfare Feelen

fondée 1902

News

Gala Concert 2022

!! UPDATE !!

Mat dem neien Gesetz brauche mir de Concert net méi ënnert dem 3G-Regime ze organiséieren. Dir braucht also keen CovidCheck-Certificat ze weisen an et gëllt och keng Maskepflicht.
Mir feeën eis op Iech!

!! UPDATE !!

No 2 laange Joren Paus, steet eise Gala Concert 2022 virun der Dier, Samsdes, den 19. Mäerz zu Feelen an der Sportshal.

Mir freeën eis drop fir rëm e Concert ze spillen mat fillen Zuschauer. De Programm kënnt Dir Iech och schonn hei ënnendrënner ukucken.

Mir freeën eis op Iech a soen eise Sponsoren lo schonn Merci.

FM_FlyerA4_Galaconcert_2022-01
FM_FlyerA4_Galaconcert_2022-06

Fëschfest 2022

No 2 laange Joren Paus, bake mir Iech dëst Joer rëm e gudde Fësch op Karfreideg.

Halt Iech lo schonn Donneschdes Owes, de 14. Abrëll, oder Freides Mëttes, de 15. Abrëll fräi. Dëst Joer rëm zu Feelen am Hennesbau.

Dofir, SAVE THE DATE!!

Onsen Historique

Iwwer 100 Joer

Zanter méi wéi 100 Joer ass d'Feelener Musek een Deel vum Duerfliewen an an rondrëm Feelen. D'Feelener Musek war net ëmmer eng Fanfare, am Ufank war et d'Harmonie Feulen.

Weider Infoen zur Geschicht vun der Feelener Musek an déi sellegen Aktivitéiten vun den leschten Joren fann Dir ënnert eisem Kapitel "Historique".

Rezent Aktivitéiten

Fueskichelcher Doheem 2022

26. Februar

Fuessamsdeg, den 26. Februar 2022 baken d'Musikanten Iech Stoffis-Fueskichelcher.
Mir bréngen Iech déi frësch Fueskichelcher am Laf vum Dag heem (Gemeng Felen).
Eng Tut vun 250 g (+- 10 Stéck) kascht 8€. Bestellen kënn Dir bis Mëttwochs, den 23. Februar 2022 iwwert Telefon um 691 111 095 (vun 18h-20h) oder iwwert E-Mail op den reservation@fanfarefeelen.lu (Dir kritt eng Confirmatioun gemailt).

Fueskichelcher Doheem 2021

13. Februar

Fuessamsdeg, den 13. Februar 2021 baken d'Musikanten Iech Stoffis-Fueskichelcher.
Mir bréngen Iech déi frësch Fueskichelcher am Laf vum Dag heem (Gemeng Felen).
Eng Tut vun 250 g (+- 10 Stéck) kascht 7,50€. Bestellen kënn Dir bis Mëttwochs, den 10. Februar 2021 iwwert Telefon um 691 111 095 (vun 18h-20h) oder iwwert E-Mail op den reservation@fanfarefeelen.lu (Dir kritt eng Confirmatioun gemailt).

Fëschfest 2020

10. Abrëll

Leider annuléiert wéinst Covid-19.

Fanfare Feelen

secretaire@fanfarefeelen.lu