Fanfare Feelen
Rezentes
Kiermes zu Nidderfeelen
Tradtitionnel sinn mir de Weekend nom 15. August rëm zu Nidderefeelen ënnerwee fir d'Kiermes.
Mir sinn Samsdes, den 20. August, ab 9h ënnerwee fir den Hämmelsmarsch ze spillen an Owes spille mir wéi gewinnt um 20h eise Kiermesconcert.
Kiermes zu Welschent
30. & 31. JULI
Tradtitionnel sinn mir de lescht Weekend am Juli rëm zu Welschent ënnerwee fir d'Kiermes.
Mir sinn Samsdes, den 30. Juli, ab 17h ënnerwee fir den Hämmelsmarsch ze spillen.
An Sonndes, den 31. Juli, spille mir wéi gewinnt um 20h
Fëschfest 2023
06. & 07. Abrëll
Och dëst Joer baken mer Iech rëm e gudde Fësch op Karfreideg.
Halt Iech lo schonn Donneschdes Owes, de 06. Abrëll, oder Freides Mëttes, de 07. Abrëll fräi. Dëst Joer rëm zu Feelen am Hennesbau.
Dofir, SAVE THE DATE!!
Gala Concert 2023
18. Mäerz
Eise Gala Concert 2023 steet virun der Dier, Samsdes, den 18. Mäerz zu Feelen an der Sportshal.
Mir freeën eis drop fir rëm e Concert ze spillen mat fillen Zuschauer. De Programm kënnt Dir Iech och schonn hei ënnendrënner ukucken.
Mir freeën eis op Iech a soen eise Sponsoren lo schonn Merci.
Käerzenowend 2022
17. DEZEMBER
Virun den Feierdeeg hu mer zum Ofschloss vum Joer ob eise Käerzenowend invitéiert.
