Geschicht vun der Musek

Déi responsabel Leit vun der Feelener Musek am Laaf vun 100 Joer

D'Presidenten
STEICHEN Michel
GEORGES Edouard
STEICHEN Michel
JACOBY Léon
BESENIUS Henri
KOOB René                    
SCHUMACHER Edouard
FELLENS Henri f.f. 
BORMANN Aloyse  
THILL Marcel         
BERNS Jean  
BORMANN Jean-Marie 
De Marie Sandy
   

D'Vizepresidenten
KOOB Nic
FABER Léon
BESENIUS Henri
BESENIUS Henri
DONDLINGER Henri
THILL Marcel        
SCHREINER JEAN
OTTELE Aloyse
SCHALTZ-PETERS Wilma
BORMANN Jean-Marie
CHOQUE Christophe

 





(1933-1936)
(1937-1955)
(1955-1958)
(1959-1963)
(1963-1964)
(1965-1991)
(1991-1998)
(1998-2010)
(2011-2017)
(ab 2017)






(1967-1969)
(1969-1993)
(1993-2000)
(2001-2007)
(2009-2011)
(2011)
(ab 2011)


 

D'Sekretären
BORMANN Jean-Pierre
KNEIP Michel
DONDLINGER Henri
BESENIUS Charles
PHILIPPE Camille
LINDEN Nic
THILL Marcel                  (1967-1991)
FAYOT-GRUBER Sylvie     (1991-2003)
SCHUMACHER Josiane     (ab 2003)




D'Caissieren
LANNERS Jean               (1937-1959)
FISCHBACH Jean-Pierre  (1969-1981)
BERNARD Marc              (1981-1984)
SCHNEIDER Jean            (1984-1998)
RODESCH Marc              (1998-2003)
STORN Guy                   (ab 2003)

D'Dirigenten
JAGER Jean-Bapiste
PÜTZ Pierre
EINSWEILER Henri
FRIESEISEN François
JAGER Jean-Baptiste
SCHWINDT Alex
JAGER Jean-Baptiste
HOFFMANN Willy
HOFFMANN Emile
HOFFMANN Emile
BESENIUS Charles
HEGER Robert
GILSON Pol

MOOTZ Ady

THEIN Jean-Marie

WILHELM Patrick





(1920-1922)
(1923-1925)
(1926-1931)
(1931-1936)
(1936-1938)
(1938-1940)
(1945-1948)
(1948-1955)
(1955-1956)
(1957-1959)

(1960-1981)

(1981-2014)

(ab 2014)







 


 



D'Entstehungsgeschicht vun der Fanfare Feelen

Den Ufank: 1902-1940

Den 12. November 1902 hunn zwee Studenten aus dem Dikkrecher Kolléisch, de Michel Steichen an de Jean-Pierre Bormann, zesumme mat 12 anere Leit zu Nidderfelen eng Musek ënnert dem Numm « Harmonie Feulen » gegrënnt. Déi éischt Optrëtter zu där Zäit waren de Kiermesconcert an den Theater-Concert fit Chrëschtdag. Vill Dirigenten hu sech ofgeléist an déi verschidde Musikanten aus dem Duerf ausgebilt. Mat Schéifer a Schof ass 1924 fir d’éischt den Hämmelsmarsch gespillt ginn. Am Haus “A Schmatts” ass während engem halwe Jorhonnert de Bestand an d’Grondlag vun der Musek geschafen oder besser gesot geschmidde ginn. Den Henri Besenius gouf virum Krich President an d’Zuel vun de Musikanten ass bis op 25 geklomm.

Am Zweete Weltkrich: 1940-1945

Den 9.Mee 1940 war déi lescht Prouf. Mam Terror vum Naziregime sinn eng helle Wull vu Geboter komm, déi d’Musizéieren onméiglech gemaach hunn. Eis Leit hunn de Fändel an d’Instrumenter misse verstoppen. Déi Musikanten, déi net am Krich oder verstoppt waren, goufe gezwongen, enger Ortsgruppemusek fir d’Dierfer Felen, Mäerzeg a Groussbus baizetrieden, wat awer net laang funktionéiert huet.

D'Nokrichszäit 1945 - 1960

Wéi nom Krich am Oktober 1945 déi éischt Prouw rëm ofgehale gouf, ware keng Sue méi do fir nei Instrumenter an Nouten ze kafen. Am Mee 1946 huet eng Hauskollekt fir d’Musek iwwer 23000 Frang erabruecht, wat een deemools als e Verméige konnt betruechten. Ënnert der Direktioun vum Emil Hoffmann, engem ganz talentéierten Militärmuseker, ass eis Musek fërmlech opgaang a konnt um Concours zu Veianen all Erwaardungen iwwertreffen. Nom Här Hoffmann stoung den deemolege Sous-Chef Charel Besenius um Dirigentepult an huet mat strenger Hand bis 1955 d’Direktioun iwwerholl. Et goung du weider mam Robert Heger vu 1955 bis 1957 a mam Pol Gilson vu 1957 bis 1960. Dunn huet d’Musek mam Här Ady Mootz een neie Militärmuseker agestallt. All dës Dirigenten hu parallel zu hire Prouwe Solfège an Instrumentecoursen fir eis jonk Musikanten am Musekssall gehalen.

Vun 1960 bis 1970

D’Musek huet sech no an no ëmmer méi staark am Duerfliewen engagéiert an un den traditionelle Feierlechkeeten deelgeholl. Sou zum Beispill beim Kleeschen, bei der Kommunioun, beim Nationalfeierdag, déi der Journée Commémorative, bei der Fuesent asw. Och auswäerts ass eis Musek vill méi oft opgetrueden, an eng nei Formel vun Austauschconcerten huet sech duerchgesat. Déi grouss Museksfamill léiert sech op dës Manéier kennen.

Den Ady Mootz huet a relative kuerzer Zäit vill um musikaleschen Niveau bewierkt, a presentéiert sech 1961 mat eis zu Ettelbréck um Concours. Resultat: Premier Prix avec distinction. 1963 feiert eis Uertschaft zesumme mat der Stat Lëtzebuerg de “Millénaire”, an d’Musek ass eemol méi gefuerdert. Mat Stolz ka si bei dësem memorable Fest hiren neie Fändel presentéieren.

1965 huet eise Sous-Chef, de Flesch Misch, zesumme mat e puer jonke Musikanten, eisen Danzorchester oder « d’Strëpp » vun der Felener Musek gegrënnt. D’Optrëtter vun dëser sympathescher Formatioun, déi et ëmmerhi scho bis bei eng Musikantenhochzäit a Polen bruecht huet, gefale mat Freed, Humor a Witz. Fir d’Caisse vum Veräin ze stäerke gouf et all Joer een Duerffest, deemools och « kermesse flamande » genannt, wou d’Leit sech gutt amëséiert hunn. Dës Manifestatioun hu mir 1967 duerch een Zeltfest ersat.

Eng vun hire gréissten Enttäuschungen erliewen d’Musikante mat hirem Chef Mootz 1967 um Concours zu Bieles, wéi de Sprong vun der zweeter an di éischt  Divisioun ganz knapp verpasst gouf.

Vun 1970 bis 1999

Eis Musek ass direkt no hirer Grënnung, am Joer 1970, der “Caisse mutuelle” vun der UGDA bäigetratt. Den Aloyse Bormann war zu dëser Zäit President an de Marcel Thill Sekretär. Ënnert dem Impuls vum Leschtgenannten entstinn déi éischt international Kontakter. Sou zum Beispill mat den Hollänner aus der Uertschaft Rosteren, déi eis vun do u regelméisseg besicht hunn, fir eng kuerz Zäit an eise Famillen ze wunnen an och Concerten ze spillen. Och mir hunn eis an Holland presentéiert a gespillt. Den Ady Mootz hat am Laf vun de Joren eng stramm Musek mat engem gudde Stack vu séchere Musikanten opgebaut, wou d’Ausgeglachenheet vun denen verschiddene Register markant war. Ënnert senger straffer Leedung spillt d’Musek den 19. Mee 1974 zu Ettelbréck um Concours sou gutt wéi nach ni, a steigt mat engem Premier Prix avec grande distinction an déi éischt Divisioun. Et war endlech sou wäit ! Déi vill Méi war belount ginn, an d’Veräiner mat de Felener Leit hunn deene 38 Musikanten een häerzlechen Empfank bereet.

Sechs Joer méi spéit geet d’Musek nach eng Kéier op Zolwer-Bieles, fir um Concours vun der UGDA deelzehuelen. Mat engem éischte Präis goufen d’Erwaardungen net ganz erfëllt. Den Här Mootz demissionéiert am Hierscht 1981

De Jean-Marie Thein gouf Dirigent. Och wann hee réicht 23 Joer al war, huet hee mat senger lockerer a jovialer Aart séier Sympathie fonnt. Deen neie Chef hat ee kloert Konzept an de Stil huet changéiert. D’Formatioun vun eise Schüler hat elo Prioritéit, an dat iwwert de richtege Wee vun der Museksschoul. Dem Jean-Marie säin éischte Challenge war 1987 de Concours zu Ettelbréck, wou eis Musek brillant ofgeschnidden an Erfolleg him Recht ginn huet. Op d’Propositioun vun der UGDA huet d’Musek ëmmer méi den internationale Kontakt gesicht, an d’Fühler méi wäit ausgestreckt.

D’amerikanesch Studente vum “Blue Lake Camp” aus dem Staat Michigan sinn eng éischte Kéier op Felen invitéiert ginn. Hire Concert war een ausgesprachene Leckerbëssen. A well si sou gutt gefall hunn, konnte si am Laf vun de Joren ëmmer nees zréckkommen. Bei dëse Geleeënheeten huet de Marcel Thill sech mat vill Léift em d’Organisatioun bekëmmert an dofir gesuergt, datt d’Amerikaner an eise Famille gutt betreit goufen. Als Merci fir des Initiativ kruten eng Rei vun eise jonke Musikanten eng Bourse fir an Amerika ze goen, an do am Summer op engem Camp deelzehuelen, wat hinne sécher profitéiert a gefall huet. All Rendez-vous mat den Amerikaner war e fantastescht Erliefnes, an de Kontakt besteet bis haut. No 10 Joer Frëndschaft an Zesummenaarbecht koum 1989 den absoluten Héichpunkt: Eisen éischten Trip an Amerika! De Kontakt mat eise Gaaschtfamillen, touristesch Highlights, onvergiesslech Concerten, ënner anerem um Camp selwer, awer och op der Miami University am Staat Ohio, wou mir vum beschtbekannten Här Dolibois begréisst goufen, bleiwe fir ëmmer a gudder Erënnerung.

Fir eis Musek huet sech d’Aarbecht vun der Museksschoul lues a lues bezuelt gemaach, an ënnert dene jonke Leit si vill staark Musikanten eropgewuess, déi sämtlech Register verstäerkt hunn. Déi nächst Erausfuerderung huet schon op eis  gewaart an de Chef huet mat engem exemplareschen Äifer drop higeschafft: De Concours am Mee 1995 zu Waasserbëlleg. De ganzen Dag huet d’Sonn gelaacht, an déi vill Aarbecht vun deene leschte Wochen huet eis Sécherheet a Vertraue gin. D’Stëmmung war dee ganzen Dag ausgeloossen an huet sech nach bei der Proklamatioun vum Resultat gesteigert. Et war den Héichpunkt: Eng Grande Distinction an den Opstig aus der éischter Divisioun an d’Division Supérieure. Eise Chef hat säi gréisst Erfollegserliefnis an hat dat riedlech verdéngt!

Den 1. Mee 1984 gouf de Lottos-Club vun der Musek gegrënnt, am deem praktesch all d’Musikanten Member sinn a jäerlech an eng Caisse abezuelen. Op des Manéier konnten eng ganz Partie Instrumenter kaaft ginn. De Fellens Georges huet d’Gestioun vum Lottos-Club vum éischten Dag u fest a sénger Hand, a mécht dat mat Präzisioun. Dëse Club organiséiert ënner anerem all Joer ee Grillfest fir eis Famill a Frënn, een Troterbal fir d’Fuesend a säit 1990 dat scho bal traditionellt Fëschbroden op Karfreideg. Am Joer 1991 gët de Marcel Thill President.

Vum 16. bis zum 30. August 1997 flitt d’Musek eng zweete Kéier an Amerika. De Wee geet rëm an de Camp am Michigan a bei eis Gaaschtfamiljen, vun dene mir schonns eng Partie kannt hunn. D’Musek spillt Concerte vum Camp bis op Lansing an op Cleveland an Ohio. Dat touristescht  kënnt  och net ze kuerz, wéi z.B. ee Stéck Geschicht Amerika am Henry Ford Musée zu Detroit an dat grandiost Naturschauspill vun den Niagara Falls mat engem Ofstiecher a Kanada.

De Marcel Thill demissionéiert, fir eis als Eierepresident trei ze bleiwen an de Jang Berns gëtt duerno als President vun der Musek gewielt. Zesumme mam Chef a mam Comité huet hien ee Konzept, dat um Teamwork baséiert, a wou d’Haaptgewiicht op der Ausbildung vun eise Schüler läit. Bei de Concerten, a besonnesch beim Galaconcert gëtt d’Lat ëmmer méi héich geluegt, sou datt den Niveau noutgedrongen an d’Luucht geet an d’Programmer, déi gespickt mat populärer Musek sinn, spriechen d’Leit un. An engem Interwall vu 4 Joer spillt d’Musek och een “Concert spirituell“ an der Parkierch. Dëst ass ee ganz dankbare Rendez-vous. Am Veräin ass eng gudd Ambiance, et gëtt ganz vill geschafft, wat der Musekskeess nëmme konnt notzen, sou datt d’Finanzen och gesond ginn. Dofir konnt d’Musek am Oktober 1998 fir 2 Deeg op Hannover op d’Weltausstellung fueren. Dräi Joer duerno koum den nächsten Trip an de beschtbekannten Europa-Park op Rust. Hei gouf sech ganz ausgeloossen amëséiert, an op eiser Réckrees gong et duerch den Elsass, wou mir eis de “Cortège médiéval“ zu  Ribeauvillé net entgoe gelooss hunn.

Eng vun de wichtegsten Aktivitéiten an och eng onverzichtbar Finanzsprëtz fir eis Musek ass den Theater. Ënnert der Regie vum Wilma  Schaltz a vum Guy Storn huet sech een Team fond, dat nit nëmmen  flotten a lëschtegen Theater spillt, mä wat sech am Laf vun de Joren  als Équipe vu Frënn gesteigert huet. Den Theater ass eng Aart Institutioun ginn, déi iwwert d’Grenze vun eiser Uertschaft  eng zolitt Reputatioun fond huet.

Vun 2000 bis haut

D’Joer 2002 réckt ëmmer méi no, an domat och d’Préparatioune fir eise “centenaire”. 1999 Start den nei gegrënnten Organisatiounscomité ënnert der Presidentschaft vun eisem Éierepresident mat den Aarbechte fir d’Jubiläumsfeierlechkeeten. Dat ass ee villsäitegen an attraktive Programm,  gekréint mat enger ganzer Palette vun héichkarätegen Concerte wéi z.B. dee vun der Militärmusek, dee vum Gesangsensemble vum Ettelbrecker Conservatoire, dee vum Quintette classique, an awer och dee vun eiser Musek, déi esou ee gudde Laaf hat, dat eise Chef zesumme mat de Musikanten nach een drop setze wollt, näämlech d’Participatioun um UGDA-Concours zu Veianen, mam Ziel, no siwe Joer nach eng Kéier ze steigen. Eemol méi wousst de Chef mat senger Perséinlechkeet a mat sengem Charisma d’Musikanten ze motivéieren a mat enger onemstriddener Energieleeschtung op dësen  Challenge virzebereeden. De memorablen Dag war séier do. D’Musikanten hu mat enger onverkennbarer Sécherheet a Selbstbeherrschung fir hire Chef a sech gekämpft a sech musikalesch iwwertraff. Nom Mëttegiesse gong et an der batterer Hëtzt am Cortège zréck an d’Larei, fir mat Spannung d’Proklamatioun vum Resultat ofzewarden. Et war eng regelrecht Konsekratioun fir eise Chef a seng Musikanten. E Premier Prix avec grande distinction an den Opstieg an d’Division Excellence. D’Joer 2002 war  fir de Veräin sprechwiertlech d’Superjoer. Nach ni virdru war a sou kuerzer Zeit sou konsequent a mat esou vill Erfolleg geschafft ginn. D’Musek sollt awer och fir déi vill  Méi belount ginn, wéi se vun der UGDA sélectionéiert  gouf, fir zu Wien um Blasmusikfestival am Joer 2003 deelzehuelen.

Wien war mat Secherheet  dat Top-Erliefnes fir eise Veräin. Um Michaelaplatz hannert der Hofburg konnte mir e flotte Concert spillen an dorop ware mir stolz. Bei 34 Grad Hëtzt hu mir zesumme mat Museken aus 8 verschiddene Länner am Schlassgaart vum Schlass Schönbrunn geprouft fir den Ofschlossconcert virum Rathaus .Während eisem Openthalt  zu Wien hunn d’Musikante sech duerch eng exemplaresch Disziplin ausgezeechent an domat d’Frëndschaft an d’Homogénitéit am Veräin gefestegt.

Zu Éieren vun deem Erliefnes gouf de Gala-Concert 2004 een éistreicheschen Programm gespillt. Dat selwecht Joër gouf och fir d’ éischt de Proufweekend – ee ganzen Weekend prouwen an méi kollegial Beschäftegungen - agefouert, an den éischten Joeren zu Bitburg, duerno och eemol zu Feelen an zenterhier zu Housen. Ebenfalls 2004 wor een Ausfluch mat der Jugend an d’ Phantasialand, deen ganz appréciéiert gouf.

Den Highlight vun 2006 woer d’ Participatioun bei den Orphéonies zu Paräis mat engem Concert bei der Notre-Dame an een mam Eifeltuerm am Réck.

Iwwert d’ Joëren huet de Veräin verstanen fir d’ Duerfliewen oofwiesselungsräich ze gestalten an natierlech och d’ Keess opzebesseren. Do wieren d’Fuesbaaler, di grouss Baaler an den 90er, Baaler um Haff, Fester am Oktober, Käerzenwoend asw. Dobäi goufen et och ëmmer erëm nei Impulser fir de Veräin besser zesummen ze halen wéi z.B. d’Betreiën vun den neien Musikanten duerch ee Pätter oder eng Giedel. Vill vun de positiven Impulsen koumen vum Jean-Marie Thein, deen insgesamt 33 Joër richtungsweisend fir d’ musikalescht an aussermusikalischt Veräinsliewen gewierkt hott. Matt enger schéiner Feier gouf dëst Kapitel dann 2014 ofgeschloss an den aktuellen Dirigent Patrick Wilhelm iwwerholl huet.

D’Liewen an eiser Musek geet virun. De Veräin muss et viru verstoen, sech de Launen a Situatioune vun eiser Zäit unzepassen an der Jugend eng Chance bidden. Dat ass hir sozial Missioun.

  

© Feelener Musek 2016
Webdesign an Layout vum Samu-PC